- #Cycle 2
- #Cycle 3
- #Cycle 4
- #12 - 15 Joer
- #16 - 18 Joer
28.09.2026
Drénkwaasserverbrauch beim Duschen
Am Duerchschnëtt verbraucht ee Lëtzebuerger ongeféier 135 Liter Drénkwaasser den Dag.
Wou verbrauchs du iwwerall Waasser am Alldag?
Géi eemol däin Dagesoflaf duerch a pass genau dorop op, wéini dass du Krunnewaasser notz.
Wou verbrauche mir am meeschte Waasser?
Fir eis ze wäsche brauche mir am meeschte Waasser.
Wéi vill Waasser verbrauchs du beim Duschen?
1. Huel en Eemer mat ënnert d‘Dusch an hal den Duschkapp dran.
Dréck op d’Stoppauer a looss gläichzäiteg d‘Waasser lafen.
Stopp d’Waasser no 30 Sekonnen.
Wéi vill Waasser ass bei dir am Eemer? (z.B. 5,5 Liter)
Rechen dat mol zwee, dann hues du däi Verbrauch pro Minutt. (z.B. 11 L/Minutt)
Opgepasst! D’Waasser am Eemer kanns du nach benotzen!
2. Elo kanns du erausfanne wéi vill's du beim Dusche wierklech brauchs!
Setz d’Stoppauer op Null a maach dech prett fir ze duschen ;-)
Dréck Start
*Duschzäit* (Du kanns elo e kuerzt Lidd sangen)
Dréck Stopp wanns du d’Waasser aus méchs.
Kuck op d’Stoppauer : dat ass deng Duschzäit. (z.B. 8 Minutten)
Wann's du d’Waasser ausméchs fir dech anzeseefen, da kanns du d'Stoppauer dee Moment pausen.
Rechen elo däi Verbrauch pro Minutt mol deng Duschzäit! (am Beispill 11 L/Minutt x 8 Minutten = 88 L)
Souvill Waasser benotz du beim Duschen!
Wéi kann ech beim Dusche manner Waasser verbrauchen?
Dat ass kostbaart Drénkwaasser an du kanns hëllefen et ze spueren! An engem Liewen huele mir immens vill Duschen, am ganze gëtt dat immens vill Waasser!
Hei e puer Iddien:
- Eng ganz kuerz Dusch huelen
- En neien Duschkapp kafen, dee manner verbraucht
- D’Dusch zou maachen, wann's du dech aseefs
- D’Waasser asammele wat ofleeft ier et waarm gëtt (du kanns z.B. Planzen domat nätzen)
- Net esou oft duschen
- En Duerchflossbegrenzer tëscht dem Schlauch an dem Duschkapp asetzen
- Léiwer déi kleng Braus benotze wéi déi grouss vun der Reendusch (déi verbraucht vill méi!)
Domat kanns du eis d‘wäertvollt Waasser spueren: MERCI !
