- #Erwuessener
- #Cycle 2
- #12 - 15 Joer
- #16 - 18 Joer
29.04.2024
Kenns du den Drëpsi-Award?
Domat zeechent d’Waasserverwaltung déi Versuerger (Gemengen a Syndikater) aus, déi extra gutt Efforten maachen, fir dass mir och an Zukunft nach gutt Drénkwaasser hunn. An dat ass den Drëpsi-Award, deen den 17. Abrëll un 19 Drénkwaasserversuerger iwwerreecht ginn ass.
Fir sou een Drëpsi ze ergatteren, ass et vill Aarbecht. Et muss um ganze Wee vum Waasser – vun der Quell bis an de Krunn – gekuckt ginn, ob néierens eppes ka geschéien, wat schlecht fir d’Waasser kéint sinn.
D’Waasserverwaltung huet an hirem Online-Tool LuxWSP all eenzel Risiken opgelëscht, duerch déi eppes kéint geschéien. Et ass dann um Versuerger sech d’Fro ze stellen, wéi eng Risiken hien a sengem System huet a wou nach eppes muss gemaach ginn. Zum Schluss huet de Versuerger eng Lëscht mat alle Moossnamen, déi hien a senger Gemeng nach maache muss, fir ee ganz sécheren System ze garantéieren. Soubal hien domat fäerdeg ass, kënnt d’Waasserverwaltung nach op d’Plaz kucken. Eréischt da kann décidéiert ginn, ob ee Versuerger een Drëpsi-Award kritt oder net.