Experimenter
  • #Cycle 1
  • #Cycle 2



15.07.2023

Waasserkreeslaf am Glas



Wëlls du en Mini-Waasserkreeslaf bastelen?


An der Natur gëtt et e ganz grousse Waasserkreeslaf. Ouni dee gëtt et kee Liewen op der Welt. Eist Waasser ass ëmmer op der Wanderschaft. Du kanns dat am Artikel XXX noliesen.
Awer du kanns och en eegene Waasserkreeslaf bastelen.


Wat brauchs du:

  • 1 Amaachglas oder 1 Glas mat engem Schraufstopp
  • e puer Blieder Kichepabeier (oder Toilettepabeier)
  • Som vun der Kresse
  • ganz e bësschen Waasser

Wat muss du elo maachen?


Glas mit KresseEist Experiment ass guer net schwéier.
Du muss just ënnen de Kichepabeier (oder Toilettepabeier) op de Buedem vum Glas leeën. Fal de Pabeier esou datt e bal de ganze Buedem bedeckt.
Elo maach de Buedem, also de Pabeier, fiicht.
Dann lees du de Som op de fiichte Buedem a méchs däi Glas fest zou.

An elo?


Elo brauchs du Gedold.
An e puer Deeg wiisst deng Kresse. Am Glas kanns du beobachten wéi Waasser verdonst, um Glas kondenséiert a gemittlech nees erof leeft.
Esou wéi an der Natur am Groussen.



De Waasserkressslaf
Hei fënns du eng Erklärung zum Waasserkreeslaf