Allgemeng
  • #Cycle 3
  • #Cycle 4
  • #12 - 15 Joer



15.10.2025

Räif



De Räif, déi wäiss Couche, déi esou oft am Wanter, alles iwwerzitt. Weess du wéi de Räif entsteet?


Am spéiden Hierscht a Wanter sinn oft vill Géigestänn dobausse mat enger wäisser Schicht iwwerzunn. Besonnesch mueres frei kanns du dat gesinn. Dat ass net ëmmer Schnéi. Meeschtens ass dat Räif.

Räif ass eng vun den Zorten Nidderschléi, déi et ginn.

Fir datt Räif entsteet muss et kal sinn, ganz kal, an et muss vill Waasser an der Loft geléist sinn. Also am beschten Niwwel.

Am Dag ass et jo oft méi waarm an d’Saache gi vun der Sonn gewiermt. Wann dann d’Sonn ënnergeet, ginn d’Saachen dobausse schnell kal. Wa se dann ënnert de Gefréierpunkt falen, da setzt sech d'Waasser an der Loft, den Niwwel, of. Dobäi gëtt en net flësseg, mee geet direkt vum gasfërmegen Zoustand an de Festen iwwer. Dat nennt een dann “Resublimatioun”.

Wa mir da mueres erauskucken, dann ass alles mat enger dënner Couche Räif iwwerzunn.