- #Cycle 3
- #Cycle 4
- #12 - 15 Joer
12.05.2025
Den Daniel a säi Boot …
Den Daniel schafft bei der Waasserverwaltung als Expert an der Hydrometrie, dat heescht hien ass spezialiséiert op Miessunge vum Waasserkreeslaf.
Hie geet kucke wéi héich de Waasserstand vun de Flëss ass a wéi vill Waasser doduerch leeft. Fir de Waasserstand liest hien d’Peegelen of a schreiftd’Zuelen op déi di verschidde Miessapparater op der Plaz uweisen.
Fir ze moosse wéi vill Waasser duerch de Floss leeft, benotzt hien e speziellt Boot, dat un engem Seel um Floss hin an hier gezu gëtt. Dëst Boot ka matHëllef vun engem Sonnar a GPS-Daten de Querschnëtt vum Flossbett an d’Vitesse vum Waasser moossen. Déi zwou Donnéeë matenee multiplizéiert erginn dann den Offloss (Débit) vum Waasser.
D’Daten déi esou gesammelt ginn, ginn an ee spezielle Computerprogramm aginn. Dëse Computerprogramm simuléiert genau de Verlaf an d’Struktur vun eise Gewässer a kann da mam Daniel sengen Date kucken op méi oder manner Waasser duerch de Floss leeft wéi virdrun.
Wann een dann nach d’Date vun de Wiederprevisiounen dobäi hëlt, kann ee relativ gutt viraussoen op fir eng bestëmmte Plaz d'Gefor vun engem Héichwaasser besteet. Well d’Wieder awer och ganz schnell kann änneren ass dat ni 100% sécher.
Wann dir den Daniel also elo eng Kéier bei engem Gewässer gesitt, wësst dir firwat dat komescht Boot gutt ass.
