Waasserschutz
  • #Cycle 3
  • #Cycle 4
  • #12 - 15 Joer



03.08.2026

Ofwaasser



Eng Missioun fir kleng Waasserdetektiven!
Hues du dech scho gefrot, wat mam Waasser geschitt, nodeems et am Lavabo oder an der Toilette verschwënnt? D’Clea weist dir déi spannend Rees vum Ofwaasser bis an d’Kläranlag.


Moien, ech sinn d’Clea !
Villäicht hues du mech schonn op OfWaasser.lu gesinn. Do huelen ech dech mat op eng grouss Rees duerch d’Kanalisatioun an erklären dir, wat mam Waasser geschitt, nodeems et an dengem Lavabo, an der Dusch oder an der Toilette verschwënnt. Dës Rees gesäis du net, mee si ass immens wichteg, fir eis Baachen, eis Flëss, d’Déieren an d’Planzen an der Natur ze schützen. Well nee, d’Waasser verschwënnt net einfach „wéi duerch Zauberei”. Komm mat op Entdeckungsrees ech sinn déi Guide!

Kläranlag mam Cléa

Ofwaasser ass dat Waasser, dat Dir doheem benotzt. Et ass dann net méi propper a enthält vill Saachen, déi der Natur guer net gefalen: Zahnpasta, Seef, Shampooing… Dat ganzt Waasser leeft duerch d’Réier a kënnt an e risegt Labyrinth ënnert denge Féiss: d’Kanalisatioun. Dëst Netzwierk gëtt et iwwerall zu Lëtzebuerg, an et bréngt d’Ofwaasser op eng ganz wichteg Plaz: d’Kläranlag. Eng Kläranlag ass e grousst Reinigungszenter fir d’Waasser. Ronn zwanzeg Stonne gëtt d’Waasser do Schrëtt fir Schrëtt propper gemaach. Dat ass eng Präzisiounsaarbécht an eng ganz wichteg Aarbecht fir de Waasserschutz. Soubal d’Waasser nees propper ass, dierf et erëm an d’Natur zeréckfléissen, wou seng Rees am Waasserkreeslaf weiderleeft.

Wann s du all Etapp méi genee entdecke wëlls, kanns du mech op OfWaasser.lu besichen, oder vläicht gëtt et souguer eng Kläranlag bei dir an der Géigend, déi s du kéints besichen.

Komm s du mat? Ech waarden hei op dech: Ofwaasser.luKläranlag mam CléaKläranlag mam CléaKläranlag mam Cléa



Experiment
Wëlls du e klengt Experiment maachen an eng eege Mini-Kläranlag bauen.
Da fënns du hei genau dat richtegt:
Bastel eng Mini-Kläranlag