Allgemeng
16.02.2026
- #Cycle 3
16.02.2026
Fuerschen Dobaussen – D'C3-Wochen Challenge gi geschwë lass!
Zesumme mam @naturmusee , der Administration de la gestion de l'eau a @science_lu organiséiere mir eng fuerschungsorientéiert a praktesch Challenge fir de Cycle 3. De perfekte Programm fir déi éischt schéi Fréijoersdeeg!
Wat erwaart Iech?
- ✏️Umelldung : bis de 27. Mäerz
- 📅 Start: 13. Abrëll
- 🕑 Dauer: Iwwer 3 Woche kritt Dir all Woch eng nei spannend Fuerschungsfro.
- Challenge: Entdecken, experimentéieren, testen an dokumentéieren.
- Flexibel: All Challenge ass an 1–2 Schoulstonne machbar. Fir déi ganz Virwëlzeg gëtt et zousätzlech Wëssen an Extra-Aktivitéiten.
- Gewannt ee super Präis!
- Déi dräi Klasse mat den detailléiertste Fuerschertagebicher gewannen eng exklusiv Aktivitéit an hirem Klassesall, animéiert vu @science_lu, Administration de la gestion de l'eau an dem @naturmusee.
- Notzt dat flott Wieder a gitt mat Ärer Klass dobausse fuerschen!
- Elo hei umellen: levelup.lu/contests/fudo-wochen/
