- #Cycle 3
- #Cycle 4
29.07.2026
Bastel eng Mini‑Kläranlag
Hues du Loscht op e klengt Experiment?
Du kanns ganz einfach doheem oder an der Schoul eng Mini‑Kläranlag bastelen. Du brauchs just eng Plastiksfläsch, déi s du an zwee geschnidden hues. Deen ieweschten Deel dréins ëmm a stécks deen am zweeten Deel eran. Am ieweschten Deel lees du als éischt Watt, dono Sand, an zum Schluss Kiselsteng . Da schëtts du knaschtegt Waasser driwwer, zum Beispill dat, mat deem s du d’Hänn gewäsch hues, a kucks, wat geschitt. Dat Waasser, dat ënnen erauskënnt, ass méi kloer, well et duerch all d’Filterschichte gelaf ass. An enger richteger Kläranlag ass de Prozess natierlech vill méi komplizéiert, mee de Prinzip ass dat selwecht: D’Waasser gëtt propper gemaach, éier et erëm an d’Natur zeréckgeet.
Du gesäis: Dëst Thema ass wichteg, a heiansdo och e bësse komplizéiert. Mee alles, wat s du méchs, huet eppes mat eisem Waasser ze dinn. Wann s du deng eege Gewunnechten teste wëlls, kuck mol op OfWaasser.lu laanscht. Do fënns du e Quiz, einfach Erklärungen, Biller an och kuerz Videoen, déi dir hëllefen, dës onsichtbar Rees besser ze verstoen.
