- #Cycle 4
- #12 - 15 Joer
26.09.2025
Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch mat der Waasserverwaltung
D’Motto dëst Joer ass
„Schwätz mat – Lëtzebuergesch verbënnt“.
Lëtzebuergesch ass eng Sprooch, déi vill Leit am Alldag schwätzen – doheem, an der Schoul oder mat Frënn. Mee si ass och e wichtege Bestanddeel vun eiser Kultur. Duerch d'Sprooch kënne mir eis Gedanken ausdrécken, Ereegnesser erzielen an aner Leit besser verstoen.
Et geet net drëms, perfekt ze schwätzen. Wat zielt, ass matzemaachen an aner Leit ze motivéieren, och Lëtzebuergesch ze schwätzen. Esou bleift d'Sprooch lieweg a gëtt weidergi vun enger Generatioun op déi nächst.
Ma wat huet d'Waasser domadder ze dinn?
Eng flott Iddi kënnt vun der Waasserverwaltung zesumme mam Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD). Si hunn e besonnesche Wierderbuch erstallt, wou een Wierder a Spréch fënnt, déi mat Waasser ze dinn hunn. Zum Beispill: „Dat ass Waasser op seng Mill“ oder „D’Waasser leeft him am Mond zesummen“. Esou Ausdréck weisen, wéi räich a faarweg d’Lëtzebuergescht ass.
Dëse Waasserdictionnaire ass gratis online op LOD.LU verfügbar. Et ass eng super Méiglechkeet, nei Wierder aus dem Beräich Waasser ze léieren an Spaass un der Sprooch ze hunn.
Also: Schwätz mat! A kuck am dir d'Wierder rondërem d'Waasser un
Foto vum Tayla Gray
